• 2 477
  • 0

270 Patienten huele fir den Ament wéinst hire Kränkte Cannabis zu medezineschen Zwecker.

Dës Zuel huet d’Estimatioune vum Gesondheetsministère iwwertraff, wou ee vun enge ronn 200 Patienten ausgaange war.

D’Stocke vun deem Cannabis si fir den Ament limitéiert a prioritär kréie Patienten dëst Medikament, déi an engem Traitement dra sinn.

Fir datt elo net nach mussen d’Cannabis-Fournisseure changéiert ginn, huet de Gesondheetsministère en oppenen europawäite Marché public ausgeschriwwen an do ass d’Decisioun gefall an zwar op d’kanadesch Firma Canopy Growth, déi am Ontario produzéiert a weltwäit déi gréisst Firma a genee deem doten Domaine vun den therapeuteschen Cannabinioden ass – an der Haaptsaach schwätze mer vun Dronabinol a CBD, déi ewell a Länner wéi Däitschland, Éisträich an Dänemark bei zeg dausende schwéierkranke Patienten agesat ginn. Ëmmerhi schwätze mer vun engem Ëmsaz vun iwwer 80 Millioune kanadeschen Dollar d’Joer, enger jonker Firma, déi eréischt viru 5 Joer gegrënnt gouf, mee och ewell Sitten an Däitschland iwwerholl huet. Canapy Growth sinn iwwregens och déi éischt Cannabis-Produzenten, déi op der New Yorker Bourse kotéiert sinn.

Souwäit zu de Firmen-Fakten. Vun e Sonndeg u gëllt dee Marché an dat mat enger Lafzäit bis Enn d’nächst Joer.
D’Liwwerung vun de Cannabisbléie gëtt bannent den nächsten 10 Deeg erwaart. Fir Ueleger ze bestellen, gëtt elo eng Commande bannent enger procédure négociée gemaach.

All dës Detailer liwwert de Gesondheetsminister Etienne Schneider op Basis vun enger parlamentarescher Fro vum CSV-Deputéierten Jean-Marie Halsdorf, deen den d’Ursaache vun enger Penurie vum medezinesche Cannabis hannerfrot hat – dat nodeems Enn zejoert 20 Kilo vun deem Produit aus dem Kanada geliwwert gi waren.
Bis Enn 2019 krut Lëtzebuerg iwwerdeem vum OICS, der internationaler Instanz fir d’Kontroll vu Stupéfianten, en neie Quota vun 183 Kilo accordéiert.

D’Pilot-Phas, fir op dësen Traitement zeréckzegräifen, leeft jo zanter elo engem hallwe Joer. Wéi gesot war d’Demande esou grouss, dass d’Doktere gefrot goufen, fir keng nei Patienten méi an dëse Programm opzehuelen.

Bis dass nei Liwwerungen ukommen, geet de Gesondheetsministère net dervunner aus, datt den Traitement vun den aktuelle bal 300 Patiente muss ënnerbrach oder gestoppt ginn.

Datt e kranke Mënsch Cannabis kritt, ass strikt op verschidden Indikatioune limitéiert: et geet ëm uerg Krankheeten an enger terminaler oder avancéierter Phas, déi chronesch Péng mat sech bréngen.

An et geet ëm Kriibs-Pathologien, déi duerch eng Chimio traitéiert ginn, déi hirersäits Iwwelzegkeete mat sech bréngen, grad Patienten, déi MS hunn.

Wéi gesot gëtt iwwert eng europawäit Ausschreiwung elo e fiabele Fournisseur fir therapeutesche Cannabis gesicht, sou datt d’Stocken iwwert en halleft Joer séchergestallt sinn.

Op d’Produktioun vu medezineschem Cannabis hei am Land geet de Minister Schneider net wierklech an, wéi et heescht, gëtt iwwer dësen Ubau tranchéiert, wann et e Gesetz iwwer de legalen Accès zu Cannabis fir rekreativ Zwecker geet – dës Produktioun gëtt allemol probéiert, hei am Land ze lancéieren – eisen Informatiounen no, ginn et ewell zeg Demanden an deem Sënn um Niveau vum Ministère. Lëtzebuerg, Kanada an den Uruguay si weltwäit déi 3 eenzeg Länner, déi dëse Schratt vun der Cannabis-Legaliséierung ginn.

Vum Roy Grotz (Radio)

Links

Source: rtl.lu

Next Blog Post

Add Comment