cannabis leaf
  • 2 730
  • 0

D’Geheimnis ëm d’Wierkung vum Cannabis géint d’Péng ass endlech eraus. E kanadescht Fuerschungsteam huet dat an enger Etüd entschlësselt.

D’Fuerscher vun der kanadescher University of Guelph hunn erausfonnt, vu wou d’Wierkung vum Cannabis géint d’Péng hierkënnt. D’Planz entwéckelt Moleküllen, déi dës Wierkung ervirruffen. Dës Molekülle sinn 30 Mol méi effektiv wéi Aspirin.

D’Resultat ass eng Première. De Fuerscher ass et weltwäit fir d’éischt gelongen dës Moleküllen z’identifizéieren, déi fir den Effekt géint d’Péng responsabel sinn. Dës Entdeckung bitt eng nei Grondlag bei der Schmäerzbehandlung, déi vill méi effizient ass, awer ouni, dass d’Gefor vun enger Ofhängegkeet besteet, wéi beispillsweis bei Opioiden.

D’Resultat vun der Etüd gouf an der Fachzäitschrëft « Phytochemistry » publizéiert.

Et wier noutwenneg, Alternativen ze fanne bei akuter a chronescher Péng, déi iwwer Opioiden erausginn, sou de Professer Tariq Akhtar aus dem Fuerschungsteam. Déi elo entdeckte Cannabis-Molekülle bekämpfen Entzündungen direkt un der Quell, wat ideal géint de Wéi wierkt. Dës Eegenschaft ass souguer 30 Mol méi effektiv, wéi d’Acetylsalicylsaier (ASS), dem Wierkstoff am Aspirin.

Wierkstoff bekannt, awer net genuch erfuerscht

Mat neisten Techniken an der Biochimie ass et de Fuerscher gelongen, ze bestëmmen, wéi Cannabis géint d’Péng wierk. Dobäi sinn 2 Moleküllen aus der Planz besonnesch wichteg: Cannflavin A a Cannflavin B, déi zu de sougenannte Flavonoide gehéieren. An dës Moleküllen si schonn zanter 1985 bekannt, hiert d’Potential gouf bis ewell awer nach net entdeckt. Dass Cannabis elo awer a ville Länner legaliséiert gëtt, verschaaft der Fuerschung neien Undriff.

Den Ament si chronesch Schmäerzpatienten dacks op Opioiden ugewise, déi d’Rezeptoren fir d’Péng am Gehir blockéieren, awer de Risk vu bedeitenden Niewewierkungen a Sucht mat sech bréngen. Cannflavinne reduzéieren de Wéi, andeems d’Entzündung reduzéiert gëtt.

De Problem vun de Moleküllen ass awer, dass d’Cannflavinnen am Cannabis nëmme a klenger Mooss enthale sinn. De Wierkstoff reng aus dem Cannabis ze gewannen, geet net duer, sou d’Fuercher. Dowéinst schafft de Grupp den Ament un engem System, d’Moleküllen a méi grousse Quantitéite kënnen ze produzéieren.

Entstoe soll en neit Medikament aus Cannabis-Phytochemikalien, also eng vill méi effektiv Alternativ zu eise gängege Schmäerzmëttel. De Wierkstoff kann op verschidde Manéiere consomméiert ginn: als Crème, Pëllen, Gedrénks a Plooschteren.

Links

Source: Here.
Next Article: Here.

Add Comment