luxemburg and europe flag with cannabis cartoon
  • 2 721
  • 0

Déi schwiereg Zäit fir d’CBD-Butteker geet virun Vun den Bléien, iwwert de CBD-Ueleg, bis d’Mëttel, dat géint allerlee Krankheeten hëlleft: Den Handel mat Cannabidiol ass och hei am Land explodéiert.

De geschaten Joresëmsaz vun der CBD-Branche an Europa chiffréiert sech op 100 Milliounen Euro. Bis 2028 kéint d’Valeur vum Secteur op iwwer 2 Milliarde klammen, heescht et am briteschen European Cannabis Report.

An awer kéinten och nom grousse Boom zu Lëtzebuerg deemnächst déi éischte Geschäfter nees hir Dieren zoumaachen. Den Ament ginn et knapp 40 Geschäfter am Grand-Duché, déi sech op CBD, och Cannabidiol genannt, spezialiséiert hunn. Eng 300 Persoune schaffen hei am Land an deem Secteur.

Grënn fir de Succès ginn et der puer: D’Planze berouegen Entzündungen. Verkaf gëtt de Produkt och als Lifestyle-Produit.

No de Perquisitiounen a 34 Geschäfter am Grand-Duché virun 6 Wochen ass op ville Plazen nach ëmmer Chaos. Eng Rëtsch Butteker an och den Hanfverband reege sech doriwwer op, wéi d’Kontrollen ofgelaf sinn. Dës wieren immens wichteg, ma d’Koherenz dohannert och, erkläert den Associé vum CBD Shop The Greenplace, den Andrea Hilbert:
D’Geschäfter missten alleguerten kontrolléiert ginn. Well et si vill kleng Geschäfter ewéi Fleuristen an Tubaksgeschäfter, déi och CBD verkafen, ignoréiert ginn.

Problemer goufen et de Geschäfter no awer och bei de Perquisitioune selwer. Bei deenen Enge wier näischt oder bal näischt matgeholl ginn, bei deenen Anere wier bal e ganze Stock agepaakt ginn – am Wäert vu 15-20.000 Euro. Fir Geschäfter, déi eréischt zanter kuerzem op hunn, ass dat finanziell riskant: D’Konsequenz no der Perquisitioun ass, datt mer d’Geschäfter mat Produiten opgebaut hunn, wou mer elo net méi wëssen, ob mer se kënne verkafen. Dat mécht eis och finanziell Problemer.

Ëmmer erëm gouf d’Santé mat Fotoe wärend der Perquisitioun kontaktéiert fir nozefroen, ob Produite misste matgeholl ginn oder net. Ma am Virfeld gouf et zum Beispill schonns E-mail-Kontakt tëscht dem Andrea Hilbert sengem Geschäft an der Santé: Mir schécken och dacks Mailen un de Ministère de la Santé. Ma mir kréien net ëmmer eng Äntwert. Mir schécke Mailen, fir ze froen, wat fir Produite mer dierfe verkafen. De ganze Business ass en deem Sënn e bësse vague.

Dat bestätegt och den Hanfverband. Et sicht ee scho méi laang de Kontakt mam Ministère. Den Christopher Zimmer, President vum Verband: Do waarde mir och nach op Rendezvousen, fir alles e bësse besser ze klären, sou datt d’Geschäfter sech kënnen iwwert d’Produkter an alles, wat de Secteur betrëfft, beim Hanfverband informéieren.

Et wier net onbedéngt e Manktem u Wëssen, ma e Personal-Mangel am Ministère, mengt een am Hanfverband. D’Hemp-Expo zum Beispill. Hei gouf et en Ziedel, wou all Geschäftsleit hir Produkter hu missen umellen, déi se wollte matbréngen. Dësen Dossier sollt un d’Santé goen, fir ze kontrolléieren a fir den Accord ze ginn. Ma déi hu bis haut nach keng Äntwert ginn.

D’Expo zu Diddeleng war virun 3 Wochen. D’Diskussioun, wat ass legal a wat net, bleift also vague zu Lëtzebuerg. Ma soulaang dës Diskussioun nach leeft an engem ganz kompetitiven Ëmfeld gëtt et nach eng schwiereg Zäit fir d’CBD-Geschäfter zu Lëtzebuerg.

Links

Add Comment