(Article in luxembourgish)
« Save your planet and get high » sou kéint de Motto vun engem jamaikaneschen Hostel kléngen.
Een jamaikaneschen Hostel wëll mat hirer neier Iddi den Dreck vun de Stränn fortkréien. Well zënter Jore ginn d’Küste vun de Stränn mat Plastik iwwerschwemmt. Dreck sammelen an dofir ee gratis Joint kréien, domadder wëll den Germaican Hostel d’Opmierksamkeet vun de Léit kréien.
Ween ee ganzen Eemer voll Dréck vum Strand sammelt, kritt vum Hostel am Géigenzuch ee gratis Joint. Ob dës Aktioun legal ass, kann een net wierklech beuerteelen. 2015 gouf de Konsum vu Cannabis op Jamaika legal, de Verkaf bleift awer weiderhin illegal.
Vum Magali Cardoso (RTL.lu)